
Dat weisen déi neisten Zuele vun der Organisatioun vun de Pëtrolsexportateuren. Dës rechent dann och mat enger weiderer Hausse vun der Demande fir dëst Joer, déi virop duerch China no uewe gedriwwe géif. Obschonn de Klimawandel ëmmer weider geet, geet de Verbrauch vu fossillen Energien net erof. Au contraire - d’Demande u Pëtrol huet Enn 2022 d’Mark vun 100 Millioune Barrel den Dag depasséiert.