Erfuere Motocyclisten an UfängerDen ACL wëll méi Sécherheet fir d'Motorradsfuerer

Philippe Dondelinger
Zanter Kuerzem kann ee beim ACL e Stage matmaachen, bei deem ee léiert, säi Motorrad besser ze beherrschen.
Den ACL wëll méi Sécherheet fir d'Motorradsfuerer
Zanter Kuerzem kann ee beim ACL e Stage matmaachen, bei deem ee léiert, säi Motorrad besser ze beherrschen.

Wie mengt, keen esou ee Stage ze brauchen, läit falsch. Moies 8:00 Auer zu Monnerech op der Karting-Pist: ugefaange mat eng an enger hallwer Stonn Theorie, dono geet et eraus op de Circuit. Hei gesäit een nach eng Kéier déi wichtegst Saachen, déi een och am Motorrad-Fürerschäin geléiert huet. De Carlo Scholtes këmmert sech em dëse Stage a weess, dass esou Stagen net nëmme fir Ufänger geduecht sinn, mee fir jiddereen. E Projet, dee zesumme mat ville Motorrad-Clibb erméiglecht gouf. Dem Vania Henry vum ACL war et wichteg, fir an Zukunft ëmmer nees virun der Motorrad-Saison op dës Problematik opmierksam ze maachen, ouni d’Sécherheet vun de Motorradsfuerer ze vergiessen.

Respekt, Virsiicht a géigesäiteg openeen oppassen: genee doranner läit d’Geheimnis, fir accident-fräi ze fueren. Mateneen an net géinteneen. Beim Motocyclist ass et einfach, wann ee seng Maschinn beherrscht, dann heescht et op déi aner oppassen, a genee op dëst wëlle se ons mat deenen Übungen hei opmierksam maachen. Exercicer, déi fir den Instrukter Alain Burg jidderengem herno am Verkéier hëlleft.

Slalom fueren oder d’Kéier op der Plaz maachen, klengt einfach an der Theorie, ass et awer net an der Praxis wéinst der Schwéierkraaft an anere Forcen, déi ee beim Fueren erlieft. Déi meescht, déi sech hei ageschriwwen hunn, fuere scho méi laang Moto. Fir si en absolutten “Must”, fir de Summer um motoriséierte Stoliesel ze iwwerliewen.

Back to Top
CIM LOGO