
Besonnesch wéinst ville Vacancieren aus Skandinavien an enger zweeter Well aus Nordrhein-Westfalen riskéiert et, nawell fatzeg wäerten op den däitschen Autobunnen ze stauen. Dat huet den ADAC e Méindeg zu München matgedeelt. Deemno dierften d’Autobunnen den nächste Weekend nach méi voll ginn.
Egal ob a Richtung heemescht Mier, Bierger oder an de Süden, et sollt ee sech drop astellen, méi laang ënnerwee ze sinn. Dat soll och schonn e Freideg am Nomëtteg lassgoen, de Pic soll et e Samschdeg am Virmëtteg ginn an nach emol e Sonndeg am Nomëtteg. E bëssen Entlaaschtung soll dobäi awer e Fuerverbuet fir Camione bréngen, dee bis Enn August ëmmer samschdes gëllt.
Ma net just an Däitschland ass mat Stauen ze rechnen, och am Ausland huet d’Vakanzesaison schonn ugefaangen. Besonnesch am Bléck hunn, muss een d’Strecken Tauern-, Inntal-, Brenner-, Karawanken-, Rheintal-, West- an Ost-Autobunn souwéi d’Fernpass-Nationalstrooss. Un de Grenze mat den europäesche Nopeschlänner sollt ee Waardezäite bis zu enger Dräivéierelsstonn aplangen, fir a Richtung Slowenien, Griichenland an Tierkei souguer nach méi.