
Den Ament gëtt et kee Gestionnaire fir de Parking St. Esprit: Et handelt sech derbäi hei net ëm en Oubli, mä dat wier esou wéinst de Renovatiounsaarbechten am Planning virgesinn, präziséiert de Finanzministère.
Bis Enn d’nächst Joer sinn d’Parkplaze fir Déngschtween, Deputéiert, Membere vum Staatsrot an héich Staatsbeamte reservéiert, dat huet d’Regierung decidéiert. Si stellen hir Autoen den Ament an den ënnerierdesche Staatsparking op der Clairefontainesplaz, mä Uganks Mee sollen och do Renovatiounsaarbechten ufänken, also huet fir si missen eng aner Léisung hier an do ass de Choix op de Saint-Esprit gefall.