Themewoch MobilitéitDen Ausbau vum Autobunnsreseau an de leschte 5 Joer

RTL Lëtzebuerg
Um Autobunns-Reseau goufen déi lescht 5 Joer eng Partie Projete lancéiert. Dee gréisste Schantjen ass den Ament op der A3.
Themewoch Mobilitéit: Den Ausbau vum Autobunnsreseau an de leschte 5 Joer.
Themewoch Mobilitéit: Um Autobunns-Reseau goufen déi lescht 5 Joer eng Partie Projete lancéiert. Dee gréisste Schantjen ass den Ament op der A3

D’Diddelenger Autobunn gëtt den Ament op hirer ganzer Längt an a béid Richtungen op 3 Spueren ausgebaut. D’Aarbechten hunn am Mäerz 2022 ugefaangen. An enger éischter Etapp gëtt deen Deel tëscht dem Gaasperecher Kräiz an dem Echangeur Léiweng méi breet gemaach. Am Fréijoer 2024 soll déi Phase ofgeschloss ginn, seet den Tom Gillen vu Ponts et Chaussées.

Déi nei Wëldbréck just virun der franséischer Grenz gehéiert och zum Projet Ausbau A3. D’nächst Joer sollen d’Aarbechten un där Bréck ofgeschloss ginn, direkt duerno geet et weider mam Ausbau vum nächsten Tronçon. Déi Phase betrëfft d’Streck südlech vum Viadukt Léiweng bis bei d’Beetebuerger Kräiz.

Elo scho lafen Iwwerleeungen, wéi déi zousätzlech Spueren op der A3 solle genotzt ginn. Bleiwe se op fir all d’Gefierer oder gi se an de Spëtzestonne reservéiert fir Busser a Covoiturage oder Elektroautoen? Den Ament géing een kucken, wéi een esou eng Opdeelung vun de Spueren iwwert de CITA-System kéint ëmsetzen an affichéieren, seet den Direkter vu Ponts et Chaussées, Roland Fox. Nach wär op deem Punkt keng Decisioun geholl ginn, an och d’Technik wär nach net esouwäit.

Den Ëmbau vum Iergäertchen oder den Echangeur Diddeleng-Biereng si weider Projeten, déi elo kierzlech fäerdeggestallt goufen. Och d’Liaison Micheville ass elo a Betrib. Hei missten elo just nach di technesch Installatiounen en Place gesat ginn, dann ass dëse Projet ofgeschloss.

Back to Top
CIM LOGO