Gréisste Chantier am LandDen Ausbau vun der Diddelenger A3

Christophe Hochard
D'Diddelénger Autobunn gëtt jo vun zweemol 2 op zweemol 3 Spueren ausgebaut. Et ass dee gréisste Chantier un deem Ponts et Chaussées dem Ament schafft.
Den Ausbau vun der Diddelenger A3
A ronn 7 Joer soll de ganzen Ausbau fäerdeg sinn, also am Joer 2030.

Den Direkter vun der Stroossebauverwaltung ass ganz zefridde mat den Aarbechten, et géif ee gutt viru kommen, sot hien, wéi hie mat enger Ekipp vun Tëlee Lëtzebuerg um Chantier war. Geschafft gëtt den Ament um éischte vun am Ganze 5 Deeler, dat tëschent dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem. Parallel gëtt eng Wëldbréck op der franséischer Grenz gebaut an a ronn 7 Joer soll de ganzen Ausbau fäerdeg sinn, also am Joer 2030.

Eigentlech hat ee bei Ponts et Chaussées gemengt, et géif ee méi séier viru kommen, mä verschidde prozedural Problemer hunn dofir gesuergt, datt de Projet sech an d’Längt zitt. Lo leeft et awer an déi éischt Phase soll nach dëst Joer ofgeschloss ginn.

Den Direkter vu Ponts et Chaussées, de Roland Fox: “Déi éischt Phase gëtt am Hierscht fäerdeg gestallt, wou den Traffic an der Mëtt fiert an dono kënnt déi zweet Phase wou mer da kënnen op der Säit fueren, déi mer elo grad amgaang sinn ze bauen. Da kënnt de Chantier an d’Mëtt.”

Den Haaptpunkt op dee muss higeschafft ginn ass d’Beetebuerger Kräiz. Op der A3 ass all Dag vill Traffic, dofir war et eng kleng Erausfuerderung, deen z’organiséieren, seet de Roland Fox. E leeft weider iwwer zwou Spueren: “D’Erausfuerderung war fir Barrièren ze fannen, fir op der Säit, déi net ze vill Plaz huelen, fir datt den Entrepreneur op der Säit nach eng Spuer huet, wou e ka schaffen an datt den Traffic awer op zwou spuere ka laanscht goen, esou datt d’Camione genuch Plaz hunn an d’Autoen och. Mir haten eng Kéier e Chantier do war dat net de Fall. Dat war äusserst onglécklech, well do si vill Spigele futti gaangen an d’Leit sinn net wierklech laanscht enee komm.”

Wat de Budget betrëfft, seet den Direkter vu Ponts et Chaussées, géif et weider keng Depassementer ginn. Et géif een allerdéngs feststellen, datt de Präis vum Baumaterial onheemlech an d’Luucht gaangen ass, esou datt de Projet um Enn geschate 450 Milliounen Euro kéint kaschten. Dat wier e Plus vu knapp 100 Milliounen.

Back to Top
CIM LOGO