Schonn um SonndegDen éischten Deel vum Tramschantier op der A1 ass eriwwer

RTL Lëtzebuerg
Den éischten Deel vun der Tramsbréck iwwert der A1 steet, an dat éischter ewéi geplangt.

Eigentlech sollt de Chantier op der A1 vun e Samschdeg bis en Dënschdeg de Moie goen. Ma wéi RTL iwwer Telefon vu Ponts et Chaussées matgedeelt krut, ass den éischten Deel vum Tramschantier op der A1 schonn e Sonndeg am fréien Owend fäerdeg ginn.

D’A1 tëscht Echangeur Hamm a Jonctioun Gréngewald wäert deemno deemnächst nees fir den Trafic opgoen.

Back to Top
CIM LOGO