
Den Tesla-Chef huet an den USA senge Mataarbechter eng Mail geschriwwe wou däitlech formuléiert ass, datt wann een d’Presenzflicht vun op d’mannst 40 Stonnen d’Woch net anhält, een dann Tesla verloosse misst.
Aner Techfirmen an den USA loossen hire Mataarbechter méi Fräiheeten wéi vill si nach vun doheem aus wëlle schaffen.