
Ënnert dem Stréch steet e Gewënn vun 12,4 Milliarden Euro an de Bicher.
Dass et en Abroch vun 30,6% gouf, wier op den haarde Konkurrenzkampf a China zeréckzeféieren, grad ewéi op héich Ëmbaukäschten. Dorënner fält och d’Aus vum Audi-Wierk zu Bréissel.
D’VW-Mataarbechter kënne sech allerdéngs iwwert eng Primm vu bal 4.800 Euro freeën. Fir genee ze sinn, sinn et 4.799,50 Euro. Zejoert war et mat 4.735 Euro Gewënnbedeelegung liicht manner.