Op dësem neien Tronçon vu ronn 4 Kilometer ginn et spéider dann 2 Arrêten.
Am Mee wäert déi nei Tramsbréck iwwert der Tréierer Autobunn op hir definitiv Plaz gesat ginn. 15 Milliounen Euro kascht se. Si ass 110 Meter laang, 10 Meter breet an 8 Meter iwwert der Autobunn. De neien Tronçon verbënnt d'Luxexpo mam Findel.
Zanter dem September zejoert fiert den Tram jo bis op Bouneweg. Eng 90.000 Leit profitéieren all Dag vun dësem Transportmëttel.