Éischter ewéi geduechtDen Tunnel Schiebourg geet de 24. Juli op, no 4 Wochen awer nees zou

RTL Lëtzebuerg
Eigentlech sollt den Zuchtrafic op der Linn 10 tëscht Ëlwen an der Stad vum 5. August un nees normal funktionéieren.

Ma wéi d’CFL en Donneschdeg an engem Schreiwes matdeelen, wieren d’Aarbechten am Tunnel Schiebourg méi séier virukomm, ewéi ee geduecht hätt. Den Zuchverkéier op der Streck wäert dowéinst vum 24. Juli un nees normal funktionéieren.

Allerdéngs wäert den Tunnel tëscht dem 20. August an dem 10. September nees zougemaach ginn.

Dat géing doru leien, dass geplangte Maintenanceaarbechte tëscht Ettelbréck an Ëlwen just da kënne gemaach ginn. D’Aarbechte wiere wichteg fir den Ausbau vun der Nordstreck, sou d’CFL. Notamment ginn d’Schinnen tëscht Wëlwerwolz an Draufelt, op enger Längt vun 4 Kilometer, komplett erneiert. Dofir bräicht ee speziell, an Europa rar Maschinnen. Déi wieren zanter zwee Joer bestallt, deementspriechend wieren dës Aarbechten och net éischter realiséierbar.

D’CFL wiere sech bewosst, dass se vill Gedold vun hirer Clienten op der Nordstreck erwaarden. Ma dës Aarbechte wieren indispensabel fir d’Sécherheet.

Back to Top
CIM LOGO