
An all Joer op dësem “Car-Freideg” ass een och bei der däitscher Police alarméiert a preparéiert. Mat landesiwwergräifenden Aktioune wëlle si den Tuner an och all deenen, déi gär mol de Fouss ze laang um Gas hunn, de “Spaass” verdierwen.
Deemno musse sech d’Automobiliste bundeswäit op verstäerkte Kontrolle vun der Police gefaasst maachen. Ënnert dem Motto “Rot für Raser, Poser und illegales Tuning” si virun allem och ausgewielten Treffpunkte vun den Tuner am Viséier. Dës goufen natierlech am Virfeld net annoncéiert.
Speziell geschoulte Beamte maachen dës Kontrollen, déi onerlaabte Verännerungen un den Autoe séier erkennen. D’Stroosse wiere keng Rennstrecken.