Vakanzesaison, StausaisonDëse Weekend ass op den Autobunne besonnesch vill Gedold gefrot

Sandy Schmit
Net just hei am Land ass d'Vakanzesaison agelaut, deels och bei eisen Nopeschlänner. Et ass kloer: wann et all déi Leit an de Süden zitt, da gëtt et Stau.
© AFP

E groussen Deel vun den Touristen, déi an de Süde fueren, reesen am Juli an am léifsten tëscht Freideg a Méindeg. Et soll souguer de “stauräichste Summer” iwwerhaapt ginn. Seet den ADAC, mat der Begrënnung, dass d’Leit no de Coronajore lo sou richteg a Reesstëmmung wieren, dat dann och am léifsten hannert dem Steier.

Den däitschen ADAC rechent u sech net just fir de Weekend scho mat Problemer op de Stroossen. Lassgoe soll et schonn den 13. Juli a wäert wuel och bis de 17. esou bleiwen. Deels wäert et op den Haaptachse Richtung Süde wuel just am Schrëtttempo rullen. Déi meeschte Staue sollen et e Freideg am Nomëtteg, e Samschdeg am Virmëtteg an e Sonndegnomëtteg ginn.

Bei eisen däitschen Noperen hunn antëscht 11 Bundeslänner Schoulvakanz. Virun allem aus Richtung Bremen, Niedersachsen, Sachsen, Sachsen-Anhalt an Thüringen ass eng zweet Reeswell z’erwaarden. Betraff sinn awer och d’Groussraim Berlin, Stuttgart, Köln, Frankfurt am Main a München souwéi d’Strecke bis zur Nord- an Ostséi.

Wie flexibel ass, sollt sech iwwerleeën, op méi roueg Strecken ze wiesselen oder en aneren Dag ze wielen. Déi beschte Reesdeeg wieren iwwregens dënschdes an donneschdes.

Komme mer dann awer op déi wuel am meeschte benotzte Vakanzestreck, déi a Richtung Südfrankräich. Schonn Ufank Juli ass et op de franséischen Autobunne lassgaangen. Um éischte Juli-Weekend ass eleng um Samschdeg e Spëtzewäert vun iwwer 960 Kilometer Stau gemooss ginn. Déi gréisste Problemer gouf et op der “Autoroute du Soleil” tëscht Lyon a Marseille, ma Zéifloss gouf et och bei Valence, Montélimar an tëscht den Departementer Drôme a Vaucluse.

Stau och op anere Plazen

An Holland ass zanter Ufank, respektiv Mëtt Juli Vakanzesaison, just d’Regioun Nord muss nach bis den 21. Juli waarden. Dat heescht, och d’Hollänner zitt et nees mat hire Roulotten a Camper an de Süden.

Problemstrecke wäerte ganz sécher nach an Éisträich sinn, dat heescht d’Tauern-, Fernpass-, Inntal-, Brenner- a Gotthardroute, souwéi all d’Haaptachse bei d’italieenesch, franséisch a kroatesch Küsten. Et gëtt deels mat labber 10 Kilometer Stau gerechent, eleng a Richtung Gotthardtunnel. Hei ass et dann och den Appell vun de Schwäizer Autoritéiten, léiwer an der Woch ze fueren.

Net verschount wäerten och d’Stroosse Richtung Skandinavien bleiwen.

Laanscht d’éisträichesch Inntal- an d’Brennerautobunn gëtt sech da wéinst enger Spärung nach méi Trafic wéi soss erwaart. De wichtegen Arlbergtunnel ass wärend der kompletter Reessaison gespaart, dobäi gëllt grad den Arlbergpass als Alternativ. Duerch de gespaarten Arlbergtunnel gëtt och ronderëm d’Schwäiz mat nach méi Reestrafic gerechent.

Un de Grenzen an de Länner a Richtung Süde mussen d’Automobiliste Waardezäite vu ronn enger Stonn aplangen, fir Strecken a Slowenien, Montenegro, Kroatien a Griichenland souwéi an d’Tierkei souguer däitlech méi.

Verkéierssituatioun an Europa op ACL.lu

Back to Top
CIM LOGO