
An der Reegel ass dat de Fall wann et reent. Ma en Dënschdeg war dësen Deel vun der N37 zou, obwuel et dréche war. Dat well sech op engem Deel vun der Streck Waasser ugesammelt hat. Dat krut RTL op Nofro hi vun Ponts et Chaussées confirméiert.
Vun der Suessemer Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz huet et geheescht, dass d’Gemeng Bescheed wéisst, dass dës Strooss schonn e puer Mol wéinst enger liichter Iwwerschwemmung gespaart war.
Weder Ponts et Chaussées nach d’Suessemer Gemeng wëssen den Ament, wat d’Ursaach vun der Iwwerschwemmung vun en Dënschdeg war. Ponts et Chaussées huet wësse gedoen, dass een den Ament no der Ursaach vum Probleem an no enger Léisung fir dëse siche géif. Et wier een allerdéngs nach um Ufank vun der Sich a kéint den Ament net soen, wéi laang dës dauere wäert.