Op der PompelDiesel a Masutt ginn ëm 14 Cent erof, och de Bensin méi bëlleg

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg um Hallefnuecht geet de Präis vum Diesel ëm 14 Cent erof op dann 1,768 Euro de Liter.

D’Achterbunn op den Tankstatioune geet weider: no de Variatioune vum Méindeg ginn elo d’Spritpräisser all erof. Fir den Diesel ass et souguer eng Baisse vu 14 Cent um Liter, sou datt de Liter Diesel.

Och béid Zorte Bensin ginn ëm 4 Cent méi bëlleg: de 95er geet ëm 4 Cent erof op dann 1,745 Euro, den 98er ëm 3,8 Cent op elo 1,837 Euro de Liter.

Och de Masutt gëtt méi bëlleg. Den 10 ppm geet ëm 13,3 Cent erof op 1,194 Euro de Liter an de 50 ppm ëm 14,4 Cent op 1,172 Euro de Liter.

Iwwerbléck vun de Präisser

D’Pëtrolspräisser am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO