
Bis zu 400.000 Euro sollen doduerch agespuert ginn.
An der Nuecht op en Dënschdeg goufen op engem Deel vun der Autobunn E40 tëscht Léck a Léiwen (Louvain) vun 22.00 Auer un d’Luuchten ausgeschalt. Och op aneren Autobunnen an der Belsch sollen an deenen nächsten Deeg d’Luuchten tëscht 22.00 a 5.00 Auer ausgeschalt bleiwen.
D’Spuermoossname sinn op dräi Méint ugesat, duerno géif een dann an der Regierung kucken, ob d’Mesuren eppes bruecht hätten an ob ee se verlängere soll.