Wéinst Corona-Pandemie an Ukrain-KrichD'Pneue gi méi deier, och hei am Land

RTL Lëtzebuerg
D'Präisser si bis zu 15% zanter Ugangs 2020 geklommen. Et ginn dann och scho Liwwerenkpäss, wouduerch Flexibilitéit vun de Clientë gefrot gëtt.
D'Pneue gi méi deier, och hei am Land
D’Präisser si bis zu 15% zanter Ugangs 2020 geklommen. Et ginn dann och scho Liwwerenkpäss, wouduerch Flexibilitéit vun de Clientë gefrot gëtt.

Wéi e grousse Pneuenhändler RTL erkläert huet, kënnt des Hausse nieft der Pandemie an dem Ukrain-Krich och doduerch, dass d’Liwwerketten ënnerbrach ginn, wouduercher manner Pneuen op de Marché koumen. Dernieft sinn d’Energie- an Transportpräisser geklommen.

Präishausse Pneuen / Reportage Sascha Georges

Ma och d’Matière Première fir de Pneu gouf méi deier: Kautschuk a Stol, grad ewéi dat schwaarzt am Pneu, nämlech den Industrie-Ruuss. Vill Pneue ginn och an Ost-Europa an a Russland produzéiert.

D’Situatioun wäert sech och net esou séier verbesseren. Verschidde Produzenten hu scho weider Präishaussë vu bis zu 10% tëscht elo a bis de Wanter annoncéiert.

De ganze Pneue-Marché wier concernéiert, och déi méi bëlleg asiatesch Produiten.

D’Leit hunn elo d’Tendenz Ënnermarken, also Zweet-Produiten, vun de Pneueproduzenten ze kafen. Dës si liicht méi bëlleg. Et wier awer den Ament awer net esou einfach dat erbäi ze kréien, wat d’Clientë wëllen. Dowéinst wier eng gewësse Flexibilitéit vun hinne gefrot.

Back to Top
CIM LOGO