
Deen Tankrabatt géing näischt bréngen a wier e symbolesche Geste aus Empathie fir d’Leit, déi Suergen hätten. Mä dem François Bausch no géinge virun allem déi profitéieren, déi déck Autoe fueren a sech de Sprit souwisou nach ëmmer kéinte leeschten. De Leit mat niddregem Akommes géing d’Mesure net vill hëllefen.
Hien erkläert, Regierungspolitik wier ëmmer e Kompromëss a bei enger Tripartite géinge vill Verhandlungspartner un engem Dësch setzen. Och wann déi Gréng léiwer aner Akzenter gesat hätten, kéint de François Bausch mam Tankrabatt liewen, well en op 4 Méint limitéiert ass a well aner Mesurë virgesi sinn, fir d’Energietransitioun z’ënnerstëtzen.