An deem Strategiedokument ginn et eng ganz Rei Berechnungen, wéi d’Mobilitéit sech an deenen nächste Joren entwéckelt. Et gëtt ganz séier kloer, et muss méi op den ëffentlechen Transport an op déi douce Mobilitéit gesat ginn.
Et kann een dovunner ausgoen, datt d’Zuel vun den Aarbechtsplazen an der Stad bis 2035 ëm bal en Drëttel an d’Luucht geet an d’Populatioun ëm bis zu 50 Prozent. Dat bedeit méi Verkéier, mä et ass onméiglech, datt den Individualverkéier weider eropgeet, esou de Stater Mobilitéitsschäffen Patrick Goldschmidt.
“Mir hunn u sech Analyse gemaach a gekuckt, wéi vill Beweegungen et haut an der Stad gëtt. Dat sinn eng 850.000 Stéck. Déi Beweegunge ginn op bal 1,2 Milliounen erop an dee Surplus kënne mer net mam Individualverkéier decken, dofir muss dee mat de Verkéiersträger gedeckt ginn.”
De Bus an den Tram ginn och elo scho ganz vill an der Stad benotzt, seet de Patrick Goldschmidt. Op all Wochendag géifen iwwer 100.000 Leit mam Bus a mam Tram transportéiert ginn. Fir d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer ass et kloer, datt den ëffentlechen Transport weider muss ausgebaut ginn.
“Mir sinn engersäits eng Stad, wou Leit wunnen. Dat heescht eng Stad, wou iwwer 135.000 Leit wunnen a fir déi wëlle mer weiderhin déi beschtméiglechst Liewesqualitéit ubidden. Mir sinn awer eben och en extrem attraktiven ekonomeschen Zentrum, wou al Dag nach eng Kéier bal 130.000 Leit dobäi kommen. Jo, dat sinn eis Aarbechtsplazen, déi fir d’ganz Land vill bedeiten an och fir déi musse mer eben eng Mobilitéit ubidden, déi hinnen erlaabt nach an d’Stad ze kommen.”
Mä net méi jidderee mat sengem Auto. Ganz soll deen awer net aus dem Zentrum vun der Stad verschwannen, verséchert de Patrick Goldschmidt:
“Mir wäerten d’Capacitéite fir den Individualverkéier net kënnen erhéijen, mä et ass awer wichteg, datt och fir deen Träger Plaz do ass. Den Ament klappt dat relativ gutt. Mir kloen och dacks op relativ héijem Niveau an der Stad, wa mer 5 Minutten am Stau stinn, mä ech bewonneren déi Leit, déi vu wäit kommen, fir an d’Stad ze kommen. Leit, déi eng Stonn ënnerwee sinn. Wann déi bis op de Grenze vun der Stad ukomm sinn, da sinn déi scho ganz frou.”
Wann een dann um Zil ukomm ass, muss een den Auto awer mol nach lass ginn an de Parkraummanagment ass dofir e weidere wichtegen Deel vum Mobilitéitsplang, genee wéi de Vëlosreseau an d’Elektromobilitéit.