Wann d’Leit hir Pläng nämlech net géife mat droen, kéinten déi um Enn och net wierklech eppes bréngen, sou de Message.
Vernetzt an iwwergräifend kucken, vun engem op dat anert Verkéiersmëttel, wier d’Devise, an et misst ee mat enger Bestandsopnam an d’Diskussioun eragoen, erkläert de Paul Hoffmann, Responsabel fir d’Mobilitéit vun der Stad Lëtzebuerg.
Et sollt ee keen Acteur diskriminéieren, fënnt hien, och wann et eigentlech un der Politik wier, dës Fro ze beäntweren.