Mat iwwer 1.250 Aussteller aus 30 Natioune war d’Techno Classica zu Essen déi gréisst Ausstellung vu klasseschen Autoen a Motorrieder op der Welt. Dat war virun der Pandemie. No zweejäreger Abstinenz huet d’Grugahalle dëst Joer nees hir Dieren opgemaach, wann och mat engem liichte Réckgang vun Aussteller an Autoen.
Vum 23. bis 27. Mäerz 2022 heescht et nees „Share the passion“ an d’Visiteure kënnen aus knapp 1.000 Occasiounen hiren Dram-Oldie kafen. Iwwer 100 Clibb vu bekannten a manner bekannte Marke sinn nees zu Essen vertrueden.
Dëst Joer ginn et och nees eng Rei Jubiläe gefeiert, wéi zum Beispill 75 Joer Ferrari, 65 Joer Triumph TR3, 50 Joer Ford Granada an Opel Commodore oder 40 Joer de Ford Sierra.
Eng vum Veranstalter S.I.H.A. organiséiert Sonderausstellung iwwer den italienesche Karosseriebauer Zagato an Zesummenaarbecht mat Aston Martin, an der Hal 1, steet am Mëttelpunkt vun der Techno Classica.
Eng Partie Muséeë stellen hier Bijouen zur Verfügung an erënneren de Visiteur drun, dass mat hirer Ënnerstëtzung viru 25 Joer an Däitschland di Plakk mam rouden „H“ fir Historic op de Maart koum.
Beim Concours d’Élégance gëtt wéi all Joers dee schéinsten Auto an dee flottste Stand ausgewielt. An der Hal 4 sinn och eng sëllegen Händler, déi den Amateuren eng grouss Zuel Ersatzdeeler ubidden. Egal a wéi enger Spart, sief et Luuchten, Vergaser, Armaturen, Ofzeechen oder Sëtzer, kann een hei e Schnäppche maachen.
Wien op de Goût komm ass kann nach bis e Sonndeg de Wee op Essen an d’Grugahalle fannen.