
Dat ass eng Hausse vu gutt 20 Prozent am Verglach mat der selwechter Zäit zejoert.
De Gros vun Immatrikulatioune waren iwwerdeems vu Privatleit. Dës Zuele liwwert d’House of Automobile.
D’Zuel vun Elektroautoen ass och geklommen, de gréissten Deel dovun ass allerdéngs vun Entreprisen ugemellt ginn. Allgemeng goufen awer méi Elektroautoe wéi Diesel immatrikuléiert.