Oldtimer Treffen an der Luxexpo um Kierchbierg. D’Karosserië blénken. Hei an do klonken Deko an en Elvis um Réckspigel. Den Autojumble ass en Erliefneszentrum fir déi al Mobilitéit.
Dan Medinger, President – Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun (LOF): “Zu Lëtzebuerg si ganz vill Leit déi e faibel fir Oldtimer hunn. Ech géing suguer behaapten, datt an all 6/7ter Garage bemol esou en Auto oder Motorrad optaucht. Ech sinn och guer net iwwerrascht wa Leit déi am Fong guer näischt mam Automobille um hutt hunn bemol soen se hätten en Oldtimer kaf.”
De Motto dëst Joer: Motorsport. Iwwer 2 Hale verdeelt sti ronn 200 Autoen a Motorrieder. Dotëscht d’Proprietären an d’Fans. Fueren ewéi fréier, ouni Hëllef, ouni Elektronik. Do stellt sech d’Fro: Ass de Wandel an d’Elektromobilitéit, ewech vum Bensinn an Diesel, eng Gefor fir den Oldtimer?
Bert Pronk, Hollännesch Historesch Automobil Federatioun (FEHAC): “D’Oldtimer goufe generell viru 50, 60, 70 Joer gebaut. An déi sollte bleiwen ewéi se gebaut goufen. En historescht Gebai gëtt och net bemol ganz ëmgebaut. Just dat noutwendegst.”
D’Thema e-Fuels gouf net just op enger Konferenz um Samschdeg hëtzeg diskutéiert, mä och am Public. Fir déi meescht Auto-Nostalgiker ass et déi eenzeg Alternativ.
Benjamin Cuyt vun der Entreprise P1 – e-Fuel Produzent: “Et gëtt net déi Mainstream Optioun. Mee eng vun de Mainstream Optiounen. Et ass ganz wichteg, datt mer eis Aarbecht géint de Klimawandel no vir dreiwen. Do ass Elektromobilitéit eng Zukunft. Do sinn e-Fuels eng Zukunft. An do ass hoffentlech geschwë Waasserstoff eng Zukunft. Mir si prett. D’Produktioun ass am gaangen. Déi musse mer just upassen, wann d‘Politik et eis erlaabt.“
e-Fuels ginn an enger komplexer chemescher Reaktioun aus Stroum, Hydrogène a Kuelendioxid produzéiert. Se hunn d‘Potential, komplett erneierbar an CO2-neutral ze sinn, wann de Stroum, dee fir d’Produktioun benotzt gëtt gréng ass, a wann de Kuelendioxid aus der Loft opgefaange gëtt.
Benjamin Cyut: “Et stëmmt, datt et aktuell kee Sënn mécht an Zukunft grouss Produktiounen hei an Europa opzebauen. Mir hunn aktuell net genuch grénge Stroum. Dee geet besser a méi effizient an d’Elektromobilitéit ran. Wou mir zum Beispill produzéiere wëllen, ass an der Sahara. Hei gëtt et genuch Méiglechkeete fir gréng Energie ze produzéieren an déi kann een net mat engem Kabel aus der Regioun fort transportéieren. Mir géifen do produzéieren an de Produit duerch d’ganz Welt asetzen.”
Aktuell läit de Präis vun engem Liter e-Fuel bei 6 Euro. Eng éischt e-Fuel-Tankstell an Däitschland mécht am Dezember zu Berlin op. Konkret Pläng fir Lëtzebuerg gëtt et nach keng. Den Oldtimer rullt also déi nächst Jore mol weider mat Diesel oder Bensinn. Déi nächst Méint bleiwen eng Rei Motoren awer mol aus. Mam Oktober geet d’Oldtimer-Saison nämlech fir vill Leit emol op en Enn.