Ze vill Ozon ka Konsequenzen op eis Gesondheet hunn. Halswéi, Kappwéi a Problemer mat den Otemweeër sinn nëmmen e puer vun de Problemer, déi kënnen opdauchen.
Ozon entsteet aus enger Reaktioun tëscht Sonneliicht an Ofgasen, dofir sinn d’Wäerter momentan och immens héich. Owes gi se da liicht erof. Déi Limitatioun soll mat sech bréngen, datt manner Ofgasen an d’Atmosphär erakommen. Esou entsteet och manner Ozon.
Link: Ozonwäerter quasi an EchtzäitWann een elo awer iwwer d’Grenz fiert, dann ass d’Limitatioun opgehuewen. An eise Nopeschlänner ass d’Vitess 90 just recommandéiert. An der Belsch gëtt d’Vitess och alt am Wanter erof gesat. Dat wa vill Feinstaub an der Loft ass. Et wier méi sënnvoll, wann méi Länner d’Limitatioun géingen aféieren, esou de Robert Schmit, mee fir se elo hei nees ofzeschafen, dat wier och net déi richteg Approche.
Hei am Land steet op de Panneauen zwar 90 km/h, ma net jiddereen hält sech drun. Bei enger Infraktioun sinn awer keng extra Strofe virgesinn. Et ass eng offiziell Vitesslimitatioun, déi och am Code de la route drasteet. D’Konsequenze sinn, wann eng Policekontroll gemaach gëtt, dass een e Protokoll kritt.
Um Site vun der Ëmweltverwaltung gëtt et och eng App, wou d’Wäerter an d’Qualitéit vun der Loft kënne gekuckt ginn. D’Grenzwäerter stinn och an der App, fir dass d’Leit eng Referenz hunn. Esou laang wéi d’Temperaturen iwwer 30 Grad bleiwen, ass dann och nach mat der Limitatiounen ze rechnen.
