Fir 750.000 EuroD'Wuermer Bréck gëtt renovéiert

Christophe Hochard
Well op der Bréck zu Wuermer geschafft gëtt, musse vun e Mëttwoch u vill Frontalieren en Ëmwee fueren. Do passéieren all Dag ëmmerhin eng 7.000 Gefierer.
D'Wuermer Bréck gëtt renovéiert
Well op der Bréck zu Wuermer geschafft gëtt, musse vun e Mëttwoch u vill Frontalieren en Ëmwee fueren. Do passéieren all Dag ëmmerhin eng 7.000 Gefierer.

Et dierf ee vu Lëtzebuerg nach eriwwer an Däitschland fueren, ëmgedréint ass d’Strooss awer zou. D’Deviatioun geet iwwer Gréiwemaacher. Fir d’Foussgänger bleift d’Bréck awer wärend den Aarbechten op.

D’Bréck, déi bal 60 Joer um Bockel huet, gëtt vun e Mëttwoch u vu Grond op renovéiert. Neie Stroossebelag, d’Gelänner kritt eng nei Couche Faarf an d’Dichtunge mussen ersat ginn. Géifen dës Aarbechten net duerchgefouert ginn, géif d’Bréck Rëss kréien. Dat géif geféierlech gi fir d’Leit, déi driwwer fuere géifen.

750.000 Euro kaschten dës Aarbechten un der Wuermer Bréck.

Back to Top
CIM LOGO