Laang Schlaangen op den TankstellenE Mëttwoch gëtt den Tankrabatt a Frankräich reduzéiert

RTL Lëtzebuerg
Eigentlech hätt den Tankrabatt a Frankräich schonns ugangs des Mounts sollte reduzéiert ginn.
© Charly TRIBALLEAU / AFP

A Frankräich gëtt de Bensin e Mëttwoch däitlech méi deier. Dat well de staatleche Subside vun 30 Cent pro Liter Bensin an Diesel op 10 Cent erofgoe soll. Bis Enn dës Joers soll de Subside komplett ewechfalen. Ausserdeem wäert den Energiekonzern Total de Rabatt, deen e bis ewell op seng Pëtrolsproduite ginn huet, vun 20 op 10 Cent pro Liter reduzéieren.

Eigentlech hätt den Tankrabatt a Frankräich schonns ugangs des Mounts sollte reduzéiert ginn. Ma well et wéinst de Streiken an enger Partie franséische Raffinerien op villen Tankstellen zu Versuergungsproblemer komm war, hat d’Regierung decidéiert, de Rabatt ze verlängeren, fir ze verhënneren, dass et zu engem ze héijen Undrang op d’Bensinsstatioune kënnt.

Weider Detailer bei de Kolleege vu 5minutes

Back to Top
CIM LOGO