DäitschlandÉischt Firma wëll géint Verbrenner-Verbuet kloen

RTL Lëtzebuerg
Eng éischt Firma aus der däitscher Autosbranche wëll géint de Verbrenner-Verbuet kloen.
© AFP/Archiv/Daniel LEAL-OLIVAS

De Lühmann-Grupp aus Niedersachsen huet ugekënnegt, virum europäesche Geriicht Deeler vun der EU-Direktiv wëllen ze kippen. Duerch dës Veruerdnung solle jo no 2035 keng nei Autoe mat Verbrenner-Motore méi zougelooss ginn. Dat huet d’Zeitung “Welt am Sonntag” an engem Interview mam Chef vun där Entreprise, dem Lorenz Kiene, geschriwwen. De Plang vun der EU wier vun Ideologie gedriwwen an net vu Fakten, esou den Entrepreneur.

D’Emissioune sollten net just um Auspuff gemooss ginn, ass am Artikel ze liesen, mee iwwert de ganze Liewenszyklus vum engem Auto gekuckt ginn.

Back to Top
CIM LOGO