Clierfer ContournementÉischten Deel vun der neier Ëmgeeungsstrooss gouf ageweit

Christophe Hochard
D'Streck tëscht Maarnech an dem neie Rond-point zu Reiler ass e Freideg opgaangen. De leschten Deel vun der Transversale gëtt am Hierscht gebaut.
Clierfer Contournement
D’Streck tëscht Maarnech an dem neie Rond-point zu Reiler ass e Freideg opgaangen. De leschten Deel vun der Transversale gëtt am Hierscht gebaut.

Zanter Abrëll 2016 gëtt déi nei Ëmgeeungsstrooss vu Clierf gebaut. E Freideg ass een Deel, déi bal 3 Kilometer laang Streck tëscht Maarnech an dem neie Rond-point zu Reiler, opgaangen. Dat waren déi schwéierst Aarbechte vun dësem ambitiéise Projet. Dee ganze Contournement wäert spéider ronn 4 Kilometer laang sinn an Erliichterung fir Automobilisten an Awunner bréngen.

De Viaduc ass 265 Meter laang a 36 Meter héich. Nieft motoriséierte Ween däerfen hei och Vëloen driwwer jauwen. Vu Maarnech kënnt een elo bis bei den neie Rond-point Reiler.

35 Milliounen Euro kascht dësen Tronçon. Am Hierscht gëtt dann de leschten Deel vun dëser Transversale gebaut. Zwou Brécke kommen op dësem Deelstéck dobäi.

De Contournement gëtt wichteg fir déi ganz Regioun ronderëm Clierf. De Schwéiertransport kann op dës Manéier aus der Uertschaft erausgehale ginn. Och eng Vëlospist ass a Planung a féiert duerno laanscht d’Eisebunn. Dat ass de PC21.

PDF: Premier coup de Pelle PC21

Back to Top
CIM LOGO