Tipps an TricksEkologescht Fueren: Wéi kann ee Bensin spueren?

RTL Lëtzebuerg
D'Zuelen op de Bensinspompele kennen den Ament just nach ee Wee, nämlech riicht an d'Luucht.
null
D’Zuelen op de Bensinspompele kennen den Ament just nach ee Wee, nämlech riicht an d’Luucht.

Net nëmmen de Compteur bei der Bensinspompel dréit sech, wéi verréckt wann een de Plein mécht, awer och d’Zuel déi da mat all Liter multiplizéiert gëtt, schléit op de Portmonnie. Um Präis direkt kann een net vill änneren, awer dofir muss ee vläicht säi perséinleche Fuerstil der Situatioun upassen, fir hei an do e puer Cent ze spueren. Op ee Mount oder direkt e ganzt Joer gekuckt rechent dat sech.

Tipps vum ACL: Wéi kann ee Bensin spueren?

D’Gëlle Reegele vum ekologesche Fuere sinn:

  • Éischtens mol soll ee sech d’Fro stellen, ob ee wierklech den Auto muss benotzen. Ginn et Alternativen?
  • Kuerz Strecke léiwer zu Fouss goen oder mam Vëlo fueren, well bei kuerze Strecken de Motor net waarm genuch gëtt an en doduercher méi verbraucht
  • Kaaft Iech am beschte Fall en Auto mat niddregem Verbrauch an CO2-Ausstouss
  • Wann een den Auto umécht, soll ee kee Gas ginn
  • De Motor net waarmlafe loossen, mä direkt fortfueren
  • Fréi a séier ee Gang eropschalten a méiglechst spéit zréckschalten
  • Ëmmer am héchstméigleche Gang fueren, och a Kéieren
  • Situatiounen am Viraus antizipéieren: dat heescht bei der rouder Luucht, engem Stoppschëld, enger Kräizung oder bei Zebrasträife schonn éischter mam Fouss vum Gas goen
  • Net onnéideg Schalten
  • Wann et net muss sinn, brauch ee kee Vollgas ze ginn
  • Falls ee méi laang (vun 20 Sekonnen un) muss stoe bleiwen, de Motor ausmaachen - dofir gëtt et bei villen Autoen och eng Start-Stopp Funktioun
  • Kontrolléiert den Drock an de Pneuen, am beschten ëmmer bei kale Pneuen
  • Klimaanlag an aner elektresch Funktioune sou mann wéi méiglech umaachen
  • Onnéidegt Gepäck aus dem Auto huelen a Boxe fir op den Daach, wéi och Fixatioune fir d’Vëloen, direkt nom Gebrauch nees erofhuelen
  • D’Fënster sollte beim Fueren zou bleiwen. Dat verréngert de Loftwidderstand an den Auto verbraucht wéineger.
Back to Top
CIM LOGO