Zu ParäisElektresch Locatiouns-Trottinetten dierften der Vergaangenheet ugehéieren

RTL Lëtzebuerg
D’Awunner vun der franséischer Haaptstad hunn e Sonndeg géint de weideren Asaz vun den E-Trottinette gestëmmt.

Ganzer 89% vun de Paräisser wieren deemno dogéint, dass d’Lizenzen, déi am Summer auslafen, verlängert solle ginn.

D’Buergermeeschtesch Anne Hidalgo hat am Virfeld annoncéiert, sech un d’Resultat vun deem Mini-Referendum wëllen ze halen.

15.000 där Trottinette gëtt et den Ament zu Paräis. Se ginn all Mount vun iwwer 400.000 Leit benotzt, allerdéngs kënnt et et och reegelméisseg zu Accidenter. A se leien op ville Plazen einfach wëll an de Stroossen an um Trottoir. Domadder soll vun August un deemno elo Schluss sinn.

Back to Top
CIM LOGO