
Op kee Fall sinn déi aktuell Elektroautoe prett, fir de Mobilitéits-Ufuederunge vun der Police ze entspriechen. Dat äntweren déi zoustänneg gréng Ministere Bausch a Kox op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Kartheiser, deen de Gebrauch vun E-Autoe bei der Police kritesch hannerfreet.
Zanter 2017 huet d’Police iwwerdeem och keen Tesla méi kaf, mee nëmmen nach E-Ween vun de Marke VW, Kia a Renault; dëst fir en Invest vun 900.000 Euro. Eleng déi 2 Tesla-Ween hunn eng ronn 218.000 Euro kascht.
An de verschiddene Police-Büroen iwwer Land hunn d’Beamten 23 Lued-Statiounen zur Dispositiounen, fir d’E-Police-Autoen ze lueden.
Lëtzebuerg setzt sech jo zesumme mat 8 aneren EU-Memberlänner derfir an, datt vun 2030 u keng nei Autoe mat Verbrennungsmotor méi solle verkaf ginn.