Helleg-Geescht-ParkingElo och daagsiwwer fir de Public op, all d'Parkplaze sinn accessibel

RTL Lëtzebuerg
Ronn 3 Joer war de Parking Saint-Esprit wéinst Renovatiounsaarbechten zou, ma elo gëtt et endlech gutt Nouvellen.

Am September war et d’Nouvelle, dass mat der Societéit “Indigo Park S.A.” e Gerant fonnt gouf. Deen Ament gouf de Parking zum Deel exklusiv vu Staatsfonctionnairen a -Salariéë genotzt, ma vum 30. Oktober un, ass en och nees zum Deel fir aner Chaufferen opgaangen.

Zanterhier war de Parking an der Woch wärend 4 Schaffdeeg owes an nuets op, grad wéi och déi komplett Weekender an d’Feierdeeg. Dës deelweis Ouverture huet bis zum Ofschloss vun de Renovatiounsaarbechte vum Parking ënnert der Clairefontaine-Plaz gegollt. Duerno sollen d’Staatsbeamten dësen nees benotzen an d’Parkhaus um Helleg-Geescht-Plateau wier nees fräi fir de Public.

D’Renovatiounsaarbechten am Parking waren op knapp 7 Milliounen Euro chiffréiert ginn. De Parking zielt eng knapp 600 Stationementer a gouf 1985 opgemaach. Um Site vun der Stad Lëtzebuerg gesäit een, dass de Parking elo nees fir de Public op ass. Hei ass vun 200 Plaze rieds.

Back to Top
CIM LOGO