Op Héichtoure lafen ablécklech d’Aarbechte ronderëm den Ausbau vum Tram. En Donneschdeg goufen d’Schinne geliwwert déi um Pont Buchler zesummegeschweesst ginn. Zu Rodange bei Arcelor Mittal si se produzéiert ginn a vun enger belscher Firma gi se montéiert.
Op enger Längt vun 1,2 Kilometer gëtt den Tram ausgebaut. Op dëser Distanz kommen 2 Arrêten dobäi. “Leschte Steiwer” a “Bouneweg” ginn des genannt. Am Abrëll dëst Joer sinn des Schinne geluecht ginn. D’nächst Joer am Juni/Juli sinn d’Aarbechte fäerdeg. Do wou fréier also eng grouss CFL-Hal stoung, fiert vu September 2022 un dann den Tram.
Elo lafen d’Ausschreiwunge fir d’Extensioun vum Tramsreseau. Eng 60.000 Leit profitéieren all Dag vum Tram. A Spëtzestonne sinn et souguer 67.000 Voyageuren pro Dag. 28 Ramme sinn aktuell um Reseau am Asaz.