Quaie goufe verlängert an iwwerdeckt, grouss Parkhaiser goufe gebaut.
2018 respektiv 2019 hunn d'Aarbechten un de Gare vu Miersch an Ettelbréck ugefaangen. D'CFL hunn och nach weider Pläng: sou zum Beispill zu Hollerech an ë.a. Waasserbëlleg.
Wärend der Ouschtervakanz ginn et allerdéngs och Aarbechten. Sou fiert vun Ettelbréck aus keen Zuch Richtung Belsch, also Gouvy a weider. Dat selwecht gëllt fir d'Linn Richtung Klengbetten an Arel. Hei ginn Ersatzbusser agesat. Méi Informatioune fënnt een op www.cfl.lu.