Op däitschen AutobunnenËmweltministesch Lemke mécht sech fir Vitesslimitatioun staark

RTL Lëtzebuerg
D'Steffi Lemke gesäit an engem generellen Tempolimitt op den däitschen Autobunnen eng Méiglechkeet, d'Klimaziler och am Verkéierssecteur z'erreechen.

Déi éiergäizeg Ziler fir den Ausbau vun der Elektromobilitéit wiere gutt, ma domat eleng géing et net duergoen, sot déi gréng Politikerin der Noriichtenagence DPA. Eng Vitesslimitatioun kéint der däitscher Ëmweltministesch no e grousse Bäitrag fir de Klimaschutz leeschten.

Wéinst Géigewier vun der FDP géing esou eng Limitt awer net am aktuelle Koalitiounsaccord stoen. Ma d’Steffi Lemke huet awer duerchblécke gelooss, datt de Sujet eventuell intern an der Regierung nach eng Kéier soll ugeschwat ginn.

Donieft huet si nach emol betount, datt beim Klimaschutz déi eenzel Secteuren d’Responsabilitéit droen an och de Verkéierssecteur d’Klimaziler erreeche misst.

Back to Top
CIM LOGO