Zu LonkechEn neie Park & Ride, just fir Frontalieren

RTL Lëtzebuerg
D'Frontalieren am franséische Grenzgebitt dierfe sech iwwert en neie P&R freeën, deen iwwerdeems och nach komplett gratis ass.
© Grand Longwy

Dëse geet den 2. September op an ass net wäit ewech vun der Gare zu Lonkech. Finanzéiert gouf de Parking esouwuel vu Frankräich, ewéi och vu Lëtzebuerg. Et ass Plaz fir 640 Autoen. D’Frontaliere kënnen dann zu Lonkech den Zuch huerlen, fir 37 Minutte méi spéit op der Stater Gare unzekommen.

Weider Informatiounen, wéi een Accès op dee Parking kritt, ginn et bei de Kolleege vun infos.rtl.lu.

Back to Top
CIM LOGO