Iwwer e Rond-point kënnt ee spéider da bei d’Parkhaus. Dëst huet am Ganze 7 Niveauen a bitt Plaz fir 1.600 Autoen. Den Daach vum Parkhaus ass duerno komplett begréngt an eng Photovoltaïque-Anlag gëtt drop installéiert.
Iwwer dëst Parkhaus kënnt ee spéider direkt op d’Passerelle. Op des Manéier kritt een Zougang zur Gare an op déi eenzel Quaien.
D’Rodanger Gare kritt e Facelift verpasst. Si gëtt moderniséiert fir den haitegen Uspréch gerecht ze ginn.
Déi eenzel Quaië gi mat engem stolenen Iwwerdaach equipéiert. D’Aarbechten un der Passerelle an den 3 Quaië sinn Enn Mäerz 2022 ofgeschloss a ginn dann och a Betrib geholl.