Geféierlechen HobbyEng nei Campagne fir méi Sécherheet um Moto

Christophe Hochard
Gett d'Wieder nees besser, gesäit een d'Motorradsfuerer erëm méi op de Stroossen. Mee déi flott Aktivitéit ass net ëmmer ganz ongeféierlech.
Nei Campagne fir Biker
Gett d’Wieder nees besser, gesäit een si erëm op de Stroossen. D’Motorradsfuerer.

24 Verkéiersdoudeger goufen et d’zejoert. Dovunner waren et der dräi um Moto. Siwe Mënschen hunn hiert d’Liewen 2020 duerch e Motorradsaccident verluer.Nei Panneaue laanscht d’Stroosse sollen hëllefen, d’Motoschauffeuren ze sensibiliséieren. Dräi Méint laang dauert déi nei Campagne. A si ass méi ewéi jee néideg.2020 goufen et 43 Schwéierblesséierter duerch Motorradsaccidenter. Ze héich Vitesse ass dacks Schold un den Accidenter.Bei de Policekontrollen, déi d’lescht Joer tëscht Abrëll a September gemaach goufen, huet d’Police 341 Mol e Protokoll wéinst ze héijer Vitesse ausgestallt. Och wéinst Helmer, déi net konforme waren, hunn d’Biker missen an Täsch gräifen.

PDF: D'Illustratioune vun der Campagne

Back to Top
CIM LOGO