
Et ass eng Situatioun, déi ee sou zu Lëtzebuerg net gewinnt ass. D'Spritpräisser op de Pompelstatioune sinn normalerweis iwwerall déi selwecht, anescht wéi bei eisen Noperen an Däitschland oder Frankräich zum Beispill. Normalerweis halen déi verschidde Konzerner sech hei am Land un déi staatlech virgeschriwwe Maximal-Präisser.
E Samschdeg huet dann awer de Bedreiwer vun enger Tankstell zu Féiz decidéiert d'Präisser um Diesel an um Bensinn ze reduzéieren.
De Liter 95er gouf fir 1,599 Euro ugebueden amplaz 1,837 Euro (-0,238 Euro).
De Liter 98er ass mat 1,869 Euro verrechent ginn amplaz mat 2,049 Euro (-0,18 Euro).
An den Diesel kascht 1,869 Euro amplaz 2,057 Euro (-0,188 Euro).

Besonnesch beim 95er Bensinn huet et sech deemno rentéiert. Wann een ausgeet vun enger Tankfëllung vu 50 Liter, mécht dat en Ënnerscheed vun 11,9 Euro!
Wéi dat sech bis erëmgeschwat huet, huet et deementspriechend fir groussen Undrang gesuergt an domadder verbonnen och e Verkéierschaos. Besonnesch schlëmm war et e Samschdeg, wou de Réckstau deels bis op d'Autobunn gaangen ass.
D'Aktioun gëllt just um 3. a 4. Oktober 2026.