
D’lescht Woch huet d’Europaparlament d’Enn vum Verbrennungsmotor bis 2035 decidéiert... ausser fir d’Luxusautoen.
Wann ee souguer manner wéi 1.000 Autoen d’Joer verkeeft – wéi Bugatti beispillsweis – ass ee guer net vum Verbuet betraff.
Italien hat sech mat där Derogatioun duerchgesat. Marke wéi ebe Ferrari, Lamborghini oder Rolls-Roye kéinten elo nach ee Joer méi laang um Verbrennungsmotor festhalen. Ferrari hat zejoert awer sou vill Succès, datt een iwwer 11.000 Autoe verkaf huet.