75. GebuertsdagErlieft d'Geschicht vun den CFL digital

Tim Hensgen
Um Internetsite cfl75.lu ka sech duerch knapp 4 Stonnen historescht an aktuellt Filmmaterial vun der Eisebunn duerchgeklickt ginn.
Erlieft d'Geschicht vun den CFL digital
Um Internetsite www.cfl75.lu ka sech duerch knapp 4 Stonnen historescht an aktuellt Filmmaterial vun der Eisebunn duerchgeklickt ginn.

Et sollt en neit Konzept ginn. Keng physesch Ausstellung fir de 75. Gebuertsdag vun der Lëtzebuerger Eisebunn, mee d’Geschicht vun den CFL sollt een digital erliewe kënnen. No 3 Joer Recherchen, sëllegen Tournagen an a laanger Postproduktioun sinn um Enn 32 Filmer zu 3 Themeberäicher entstanen.

Um Site www.cfl75.lu ka sech duerch knapp 4 Stonnen historescht an aktuellt Filmmaterial vun der Eisebunn duerchgeklickt ginn. De Realisateur Fränz Hausemer huet nach emol mat verschiddene Protagonisten eng kleng Rees duerch d’Expo an duerch d’Zäit vun den CFL gemaach.

D’Ausstellung leeft digital op dem Site zanter dem 17. Dezember an ass schonn iwwer 32.000 Mol ugeklickt ginn.

Back to Top
CIM LOGO