Zwou néi Bretelle ginn hei bis d’Fréijoer 2026 gebaut. D’Zil ass et, den Trafic méi fléissend ze kréien a gläichzäiteg d’Awunner vu Steebrécke vum Autostrafic z’entlaaschten.
Ablécklech ass d’Sortie Steebrécken a Richtung Stad Lëtzebuerg zou. Hei gëtt vill gebaggert. D’Käschte vun dësem Projet belafe sech em ronn 72 Milliounen Euro.