U sech ass de Chantier scho lancéiert well et gouf laanscht d’Autobunn a béide Richtunge scho massiv ofgeholzt. Do leie Meterkibb u Beem, Hecken a soss Holz.E t geet ëm am Ganzen eng Dose Kilometer Autobunn.
Den Transportminister François Bausch iwwert d’Philosophie vum Ausbau: “Et ass am Fong dee Couloir multimodale, wann een esou wëll soen, deen am meeschte belaascht ass am ganze Land. Mir hunn eng enorm Charge. Mir si largement iwwert deem, wat eng Autobunn wéi déi doten u Kapazitéit iwwerhaapt zegutt huet. Dofir ass et noutwendeg do en Ausbau ze maachen. Awer mir maachen net iergendeen Ausbau... et gëtt eng drëtt Spuer bäigebaut an déi soll ebe multimodal genotzt ginn. Dat heescht, déi gëtt herno reservéiert fir de Covoiturage, et muss een zu 3 am Auto sinn, fir drop ze fueren, a fir d’Bussen. Firwat maache mer dat? Majo et ass ganz einfach: wa mer elo géingen higoen, a mir géinge vun 2 Spueren einfach op 3 goen, a mir änneren näischt un der Notzung vun der Spuer, da geet 3 Spueren och net duer. “
Et wäerte 5 Etappe ginn. De Chantier geet vun Norden Richtung franséisch Grenz. Et geet ee vun op d’mannst 5 Joer Chantier aus. Ugefaange gëtt mam Tronçon Gaasperecher Kräiz-Léiweng.
François Bausch:“Dat éischt Stéck wat elo gebaut gëtt, dat ass dat Stéck vun der Croix de Gasperich Richtung Bierchem. Den Zäitplang ass 5 Joer virgesinn, dat heescht Enn 2027 soll dat Ganzt fäerdeg sinn. Et bleiwen och ëmmer 4 Spueren, allerdéngs, déi Spuere gi méi schmuel, an dofir ginn déi Installatiounen, dee Balisage, alles wat elo gemaach gëtt, dat ass fir dat virzebereeden, mä d’Vitesse gëtt erofgesat. Dat heescht mir ginn erof op 70 km/h. Deen eenzege Risiko dee mer natierlech lafen, deen natierlech méi grouss ass, dat ass well d’Pannespuer net méi do ass, dat heescht wann en Accident geschitt, da riskéiert de Stau natierlech méi schlëmm ze ginn. Dofir ass et och sou wichteg, datt déi Vitess erofgesat gëtt, datt mat 70 wierklech gefuer gëtt. Dat wäerte mer och relativ streng kontrolléieren, well dat ass d’Garantie, datt herno och d’Fluiditéit bleift.”
Dat ganzt kascht net nëmmen Zäit mä warscheinlech och Nerven, dobäi ass déi Diddelenger Autobunn haut scho Synonymie vu Stau an zéiflëssegem Verkéier. 70 km/h, dovunner dreemt all Automobilist, deen op der A3 ënnerwee ass.