EuropaparlamentEt gëtt eng nei "Euro-7-Norm" fir Autoen agefouert

RTL Lëtzebuerg
Autoe, Busser an aner Gefierer an der EU sollen an Zukunft manner ëmwelt- a gesondheetsschiedlech Stoffer produzéieren.

Dat ass d’Zil vun der neier Euro-7-Norm, déi e Méindeg zu Bréissel negociéiert gouf.

Domat ginn eng éischte Kéier och Grenzwäerter agefouert fir de Stëbs, deen duerch Bremsen an d’Pneuen entsteet. Deemno sinn och Elektro- a Waasserstoffautoe vun där Mesure betraff. Bis ewell gouf sech bei den Euro-Normen nëmmen op d’Ofgaser konzentréiert.

Et ass virgesinn, dass d’Proprietäre vun de Gefierer 30 bis 48 Méint Zäit hunn, sech un dës nei Reegelen ze halen.

Back to Top
CIM LOGO