Veräiste Fënsteren oder Schnéi um AutoEt gi gewësse Reegelen, un déi ee sech hale muss

RTL Lëtzebuerg
Et geet net duer, just eng kleng Plaz vun der veräister Fënster fräizekrazen, respektiv just de Schnéi vun der Fënster ze kieren.
© Pixabay

Äiseg Nuechte brénge mat Amenter Fitness mat sech, well ee säin Auto net ënner Dag konnt stellen. Dat heescht dann d’Fënstere fräi krazen - wann et dann net geschneit huet, an ee säin Auto och fräischëppe muss. Fir alles richteg ze maachen, huet d’Laura Lessyn nogefrot.

Den Auto richteg entäisen - Reportage vum Laura Lessyn

Och wann d’Temperaturen an der Nuecht net ënner Null leien, sinn d’Autosfënstere moies dacks gefruer. Wann Dir net de Privileeg vun enger Standheizung oder engem Garage hutt, musst Dir är Fënstere mat der Hand entäisen, meeschtens mat enger Äiskraz. Bei de meeschte Leit muss et moies séier goen an dacks kraze si hiren Auto dann nëmmen zum Deel fräi, oder huelen de Schnéi guer net vum Auto erof. Wéi geféierlech dat ass, erkläert eis den Tim Wagner vun der Fahrschoul Wallheimer.

“Et soll ee seng Fënsteren ëmmer propper hunn, egal ob Summer oder Wanter. Wann am Wanter d’Fënsteren emol gefruer sinn, geet et net duer, sech just e klengt Lach fräizemaachen, wou een duerchkuckt. D’Fënstere sollen all propper sinn, nëmmen duerch propper Fënstere gesi mir eppes an erkennen d’Gefore besser a kënnen och esou en Accident verhënneren. Wann et geschneit huet, och do den Auto komplett vum Schnéi befreien, dat heescht d’Karosserie, d’Fënsteren, d’Luuchten, d’Nummereschëlder ewéi och d’Säitespigele musse fräi sinn. Wa mir dat net maachen, ka beim Fueren de Schnéi vum Auto falen an esou eng Gefor fir déi aner Automobiliste sinn.”

Fir säin Auto wärend dem Entäisen net ze beschiedegen, op wat soll een do oppassen?

De Frank Maas vum ACL: “Mat Gefill déi gefruere Wischerblieder vum Pare-brise léisen ouni de Gummi vum Wischer futti ze maachen. D’Kraz fir d’Fënster fräizekréien, ass am beschten aus Konschtstoff, well Metall kéint d’Glas schréipsen. Dann nach op d’Dichtunge ronderëm der Frontfënster oppassen, fir déi net ze abiméieren. An et soll ee genuch Zäit moies mat aplangen, fir seng Fënstere ganz fräizekrazen.”

Wat dierf ee beim Entäisen net maachen a wat soll ee ganz ewech loossen?

“Als alleréischt dierf een de Motor net einfach lafe loossen, wärenddeem een d’Fënstere propper mécht. Dat ass vum Gesetz hier verbueden, an och kontraproduktiv. De Motor gëtt sou am Stand awer net séier genuch waarm, an de Bensinnsverbrauch ass extrem héich. Wat natierlech och en Impakt op d’Ëmwelt huet. Et ass och keng gutt Iddi, waarmt Waasser op de Pare-brise ze schëdden, well duerch de groussen Temperaturwiessel kéint d’Fënster räissen an d’Waasser killt och do ze séier nees of a fréiert d’Fënster awer nees zou.”

Fir datt ee moies net schonn total verzweiwelt, hei nach e puer Rotschléi:

“Et ass hëllefräich sech am Viraus e bëssen ze preparéieren. Et kann ee sech och e bëssi equipéiere mat enger gudder Kraz, e Spray fir de Pare-brise, souwéi engem Biesem fir de Schnéi vum Auto ze kieren. Praktesch ass och eng Ofdeckung fir d’Frontscheif.”

Beim Entäisen hëlleft och: Eng déck Mutz an Händschen unzedoen, déi maachen d’Aarbecht bei kalen Temperaturen definitiv méi agreabel.

Back to Top
CIM LOGO