
Et gouf nach ëmmer keen neien Investisseur fir de Site am Saarland fonnt. Zwar géif weider verhandelt ginn, sot de saarlännesche Wirtschaftsminister der Noriichtenagence DPA géintiwwer, mä nach géif et eng ongewëss Zukunft ginn. D’Zil wier et, egal wéi souvill wéi méiglech Aarbechtsplazen ze erhalen.
Ford selwer kéint momentan just d’Erhalen vu 500 bis 700 Plazen zousécheren.
Ford hat am Summer decidéiert, fir eng nei Elektro-Auto-Plattform zu Valencia opzemaachen, wat gläichzäiteg en Enn vun der Produktioun vum Ford Focus bis 2025 am Saarland bedeit huet.