Zukunft vum Auto"Europawäit duebel souvill Elektrobornen néideg, wéi d'Kommissioun fuerdert"

Diana Hoffmann
D'Febiac geheit der Europäescher Kommissioun fir, am Hibléck op den Ausbau vun der Infrastruktur fir Elektrogefierer net ambitiéis genuch ze sinn.

D’Infrastruktur, fir Elektrogefierer opzelueden, muss bei wäitem méi staark ausgebaut ginn, wéi dat, wat vun der EU-Kommissioun virgesinn ass. Anerersäits ass d’Kritik vun der belsch-lëtzebuergescher Federatioun vun Autoskonstrukteuren an Importateuren awer och, datt sech d’EU-Kommissioun schonn ze wäit an d’Zukunft just op eng Technologie fokusséiert.

Febiac / Reportage Diana Hoffmann

D’Kritik vun der Febiac ass, datt de Reseau vun den Elektrobornë fir de Public europawäit net séier genuch ausgebaut gëtt. D’Automobil-Konstrukteure si prett, fir déi energetesch Transitioun hinzekréien. Fir dat ze erreechen a voll op Elektro ze setzen, wier awer d’Infrastruktur vum Nees-Opluede kruzial. An engem Reglement fuerdert d’Kommissioun 3,5 Millioune Bornen an den nächsten 8 Joer, also bis 2030. Néideg wieren t’er awer duebel esou vill, seet de Guido Savi, Responsabel fir d’Febiac Lëtzebuerg. De Plang vun der Kommissioun “Fit for 55" gesäit fir, datt bis 2030 d’CO2-Emissioune vun Autoen ëm 55 Prozent erofginn, déi vu Camionnetten ëm 50 Prozent. Bis 2035 dann ëm 100 Prozent - all nei zougeloossenen Auto soll dann Null-Emissioune produzéieren.

D’Febiac Lëtzebuerg mat sengen Autoskonstrukteuren an Importateuren ass bereet, fir dës energetesch Transitioun ze ënnerstëtzen, seet de Responsabele seet de Guido Savi. Hei am Land stéing een awer och schonn elo gutt do. Lëtzebuerg ass no Holland dat Land mat deem dichtsten Netz un ëffentleche Bornen an Europa.

© AFP (Archiv)

An der Regierung géing och vill gemaach ginn, fir d’Elektromobilitéit ze ënnerstëtzen, duerch divers Subsiden. Mee et misst een awer am Aen halen, wou een an zwee bis dräi Joer ass, wëll ëmmer méi elektresch Autoe verkaaft ginn an dann och méi Besoin un Infrastrukturen entsteet.

De Responsabele vu Febiac Lëtzebuerg kritiséiert awer och, datt ze wäit an d’Zukunft just op elektresch Gefierer gesat gëtt. Et soll een oppe si fir all technologesch Innovatiounen. Dofir wier et och ze vill zementéiert, sech elo schonn eng Zäitschinn bis 2035 ze ginn. D’Zil Null-Emissioune fir nei immatrikuléiert Gefierer soll 2028 nach eng Kéier confirméiert ginn. Et wieren nämlech och Entwéckler, déi géingen op de syntheetesche Bensinn sëtzen, deen och schonns den Niveau vun den CO2-Emissioune substantiell erofsetzt.

PDF: Pressecommuniqué vun der Febiac (04/04/2022)

Back to Top
CIM LOGO