
An Däitschland gi bis 2025 ronn 2.300 Aarbechtsplaze gestrach. De Gros dovunner soll bannent den nächsten 3 Joer am Entwécklungsdepartement ewechfalen. Des Weidere wier och d’Verwaltung betraff.
Zu Köln schaffen aktuell ronn 14.000 Leit fir Ford, am Oochener Fuerschungszenter ongeféier 200 Leit.
Och a Groussbritannien gi Plaze gestrach. Do sinn an den nächste Joren 1.300 Aarbechtsplaze betraff. Da sinn nach 200 Plazen op méi klenge Standuerter vu Ford Deel vum Spuerprogramm.