D’Streck, op där d’Ausbauaarbechten zejoert am Abrëll ugefaangen hunn, huet eppes méi wéi 1 Kilometer. Nieft dem Tram baue Ponts et chaussées och eng nei Strooss, d’N3. Zwee Arrête ginn et op dësem Trajet: “Leschte Steiwer” a “Lycée Bouneweg” heeschen dës. Do dernieft gëtt et hei och eng nei Busgare: Pôle d’Echange.
Eng 60.000 Leit benotzen deeglech den Tram, fir sech ze deplacéieren. Am Dezember goufe souguer 77.000 Leit pro Dag am Tram gezielt. Nieft weidere Chauffer ginn och nach zousätzlech Ramme fir d’Tramsstreck gebraucht.
Am Hierscht geet et da weider mam Ausbau vum Tram. Tëscht dem Lycée Vauban an dem neie Stadion gëtt da geschafft. Bis Enn 2023 ass et nach e Stéck. Do virdrunner kann ee vun dësem Hierscht un tëscht der Luxexpo a Bouneweg hin an hier fueren.