MuselFärbetrib tëscht Waasserbëlleg an Oberbillig leeft nees

RTL Lëtzebuerg
D'Autosfär op der Musel tëschent Waasserbëlleg an Oberbillig an Däitschland fiert nees.

No engem Accident mat engem Cargoschëff de 14. Mäerz war d’Fär “Sankta Maria II” net a Betrib.

Wéi d’Gemeng Oberbillig op Twitter matdeelt, géing d’Fär zanter e Samschdeg nees fueren, allerdéngs fir den Ament just bis 14.30 Auer mëttes. Dat well et krankheetsbedéngt u Personal géing feelen. Normalerweis transportéiert d’Fär dem Buergermeeschter vun Oberbillig no eng 550 Leit a 400 Autoen den Dag. Se gëtt vu Frontalieren, Schüler an Touristen genotzt.

Back to Top
CIM LOGO